Specimen Walziedel 2023

Wéi wielen ech ?

Wéi wielen ech ? Déi Fro kréien mir heiansdo gestallt. Hei hun mir iech mol den Werdegang bei eis an der Gemeng beschriwen.

Virum Waldag

Ech kréie spéitstens 5 Deeg virun de Walen eng Convocatioun vu menger Gemeng, op där de Waldag an d’Ëffnungszäite vum Walbüro, an deen ech muss goen, stinn.

Convocatioun 2023
Convocatioun 2023 Gemeng Hiefenech

D’Convocatioun enthält och Instruktiounen (Erklärungen iwwer de Stëmmziedel) an d’Lëscht mat de Kandidaten.

Specimen Walziedel 2023
Specimen Walziedel 2023 Gemeng Hiefenech
Instruktioune fir de Wieler
Instruktioune fir de Wieler

Wéi wielen ech ?

Den Dag vun de Walen

Tëschent 8:00 a 14:00 Auer gin ech an de Walbüro vun der Gemeng, wou ech mäi Wunnsëtz hunn.
An der Gemeng Hiefenech befannen sech déi 2 Walbüro’en an der Sporthal
13, rue Stenkel L-7652 Heffingen

E gültegt Ausweisdokument (Carte d’identité, Pass, Openthaltsgeneemegung oder Openthaltskaart) muss dir dobai hunn, fir iech kennen auszeweisen.

Duerno gin ech just nach an d’Walkabinn goen a meng Kräizer maachen.

Bei eis an der Gemeng stemmen ech fir maximal 9 Kandidaten, soss ass mein Walziedel ongülteg.

Fir alles ganz genee nozeliesen fannt dir all Informatiounen bei echkawielen.lu

Wéi wielen ech ?

Eis Kandidaten fannt dir hei

Eisen Walprogramm fannt dir hei


Posted

in

by

Tags: