Walprogramm 2023

Walprogramm 2023 Hiefenech

Virwuert vum Guy Schiltz
Buergermeeschter vun 2002 bis 2014

Mir fir Iech gi zesummen als Équipe an d’Walen fir zesummen ze plangen, ze schaffen an Iech als Bierger an är Iddien ze respektéieren. Mat Transparenz a Flexibilitéit wëlle mir kloer Richtlinne setzen.

Mir fir Iech si Leit aus verschidden Altersgruppen a ville verschiddene Sparten, fir dass mir déi néideg Fachberäicher mat Erfarung kenne vertrieden.

An onsem Walprogramm steet de Neibau vun der Schoul a Maison Relais un éischter Stell. Ee Projet deen de Budget vun onser Gemeng enorm strapazéiert. Aus dem Grond hu mir verzicht fir weider grouss Projeten an onsen Programm ze setzen. Nom Bau vun der Schoul/Maison Relais muss och d’Crèche zu Reiland erweidert ginn, fir dem Wuesstem vun onser Gemeng gerecht ze ginn.

Mir wäre frou, wann Dir Iech mat eisen Virstellungen kéint identifizéieren an soen Iech lo scho Merci fir Är Stemm an Äert Vertrauen.

Eis Virstellungen fir d’ Zukunft vun eiser Gemeng

Ëmwelt:

  • Ënnerstëtzen vun erneierbaren Energien
  • Weiderféieren vun den Pläng fir Wandenergie opzebauen
  • Agrenzen vun Energieverschwendung an ëffentlechen Gebaier

Déngschtleeschtung:

  • Informatiounssystem : SMS-Service, Internetsäit, Informatiouns-Blat, …
  • Eng App schafen iwwert déi nëtzlech Informatiounen fir eis Bierger zur Verfügung gestallt kënne gi.
  • Méiglechkeet schafen fir Rechnungen vun der Gemeng via Payconiq kennen ze bezuelen.

Verkéierssécherheet:

  • Verkéiersberouegung an den Entrée‘n vun eisen Dierfer
  • Ubannung un den nationalen Vëlosreseau
  • Trottoiren Astand sëtzen wou néideg

Gemengen Organisatioun:

  • Renforcement vum Personal
  • E gutt an aktiivt Fonctionnement vun eise Kommissiounen iwwert 6 Joer
  • Méi Transparenz tëschent dem Schäffen- a Gemengerot

Gemengesyndikater:

  • Participatioun vun eiser Gemeng un verschiddenen Syndikater iwwerdenken an eng Verschwendung vun Steiergelder vermeiden.

Gemengen Entwécklung:

  • Endgülteg Planung an kuerzfristeg Ëmsetzung vun engem zentralen Schoulkomplex mat Maison Relais
  • Den neien Schoulkomplex kéint et erlaben eng Vergréisserung vun den Capacitéiten vun der Crèche ze erméiglechen
  • Mir sinn géint eng grouss Regional Industriezone no beim Wunnberäich

Verschiddenes:

  • Ënnerstëtzen vun eisen Veräiner
  • Kulturellt Angebot erweideren
  • Kanner- an Jugend- Gemengerot erëm opliewen loossen
  • Réactivatioun vun verschiddenen Interkulturellen Evenementer wéi den “Vivons Ensemble”, …

Hei kennt dir och eisen Depliant als Pdf rooflueden

Walprogramm 2023 Hiefenech

<< Walen 2023Kandidaten 2023 >>