Tom Leick

Tom Leick
Tom Leick

Tom Leick 2023

Ech hunn 45 Joer, si bestuet an hunn 2 Kanner.
Ech schaffen als Informatiker beim Staat.
Säit 2013 wunnen ech zu Hiefenech.

Am Gemengerot sinn ech säit 2017. Ech vertrieden eis Gemeng an der Comission de surveillance vum FILANO, de Syndikat, deen d’Sportshal an d’Schwemm vun de Gemenge Fëschbech, Fiels, Noumer an Hiefenech verwalt. Desweidere sinn ech an der Finanzkommissioun an der Kommissioun fir Internet an InfoBlat.

Als Hobby spillen ech Musek, ech maache Sport an interesséiere mech fir al Auto’en.
Musek spillen ech an der Lënster Musek an ënnerstëtzen hei och déi Jonk Lënster Musek.
Als Sport ginn ech lafen, et begéint ee mech op diversen 10km Cours’en oder Hallef-Marathonen hei am Land oder och mol am Ausland.

Als Informatiker weess ech wéi ee Projet’en leed an hunn och keng Beréierungsangscht mat den neien Technologien a weess wat fir Virdeeler an Nodeeler dës kennen hunn.

An der leschter Legislaturperiod hunn ech d’Erfarung gemaach, dass et wichteg ass eng gutt a kollegial Equipe un der Spëtzt vun eiser Gemeng ze hunn, fir dass d’Aarbechten a konstruktiver Zesummenaarbecht kenne gemaach ginn.

Ech wier frou wann dir eis Equipe mat dësem Ziel wiele géift.

Tom Leick 2023

<< Marco De Jesus GodinhoJohn Rach >>