Ricardo Silva Teixeira

Ricardo Silva Teixeira
Ricardo Silva Teixeira

Ricardo Silva Teixeira 2023

30 Joer, Papp vun engem Meedchen, a säit 2018 aktive Member vun der Hëllefsorganisatioun „Le lien du coeur“.

Ech wëll mech als Kandidat fir déi nächst Walen an eiser Gemeng opstellen.

Als aktive Member vun der Hëllefsorganisatioun „Le lien du coeur“ hunn ech erkannt wéi wichteg et ass, deenen ze hëllefen déi et am neideschsten hunn, a mech fir den Zesummenhalt vun der Gemeinschaft anzesetzen. Ech hunn gesi wéi och déi klengste Gesten d’Liewe vun engem verännere kënnen, an d’Welt ronderëm méi liewenswäert maachen.

Als Papp vun enger Duechter ass et fir mech besonnesch wichteg, un enger liewenswäerter Zukunft fir eis all ze schafen.

Ech wäert mech dofir asetzen datt eis Gemeng eng sécher, propper a frëndlech Plaz fir eis all an eis Familljen ass, a bleift. Eng staark Gemeng kann nëmmen duerch Zesummenaarbecht a géigesäiteg Ënnerstëtzung fonctionéieren.

Als Kandidat fir d’Gemengewale wëll ech meng Erfarung als Benevolen notze fir op d’Bedierfnesser vun eise Bierger anzegoen.

Ech wäert mech asetzen datt eis Gemeng eng Plaz ass, wou jidderee eng Stëmm huet, wou mir zesumme schaffen, fir eng besser Zukunft.

Ricardo Silva Teixeira 2023

<< Jean SchwartzKandidaten 2023 >>