John Rach

John Rach
John Rach

John Rach 2023

Alter: 52 Joër (ëmmer zu Hiefenech gewunnt)
Formatioun: Ingénieur-technicien am Bauwiesen
Beruff: Préposé bei der Ponts et Chaussées
Veräin: US Hiefenech; aktuellen Trainer am Benevolat vun 3 Jugendekippen
Politesch Karriär:

2011-2017Schäffen vun der Gemeng Hiefenech
Delegéierten vun der Gemeng an de Syndikater SIDEN a SIDEC
2017-2023Aktive Member am Gemengerot
2011-2023President vun der Bautekommissioun
Member a Finanz-, Sport- a Jugendkommissioun

No 12 Joer an der lokaler Duerfpolitik bleiwen nach ëmmer vill Dossieren effektiv ëmzesetzen. Etude si wichteg, mee dären Zäit no Verwierklechung muss die logesch Suite sinn. A menger deeglecher Aarbecht bei der Ponts et Chaussées gehéiert et, niewent dem Personalmanagement, Projeten ëmzesetzen, dëst oft no laangen a komplizéierten Geneemegungsprozeduren.

Hei an der Hiefenecher Gemeng sinn 2 zentral Projeten, déi op hir Realisatioun um Terrain waarden. De Bau vum neie Schoulkomplex mat integréierter Maison Relais an d’Verkéierssécherheet an eisen Dierfer. Dernieft bleiwe vill kleng, awer dofir net manner interessant Projeten ëmzesetzen.

Och an de Ressources humaines muss d‘Gemeng op e kompetitiven Niveau gesat ginn.

Dofir wëll ech an deenen nächste 6 Joer derzou bäidroen, fir datt eis 1550 Awunner-Gemeng souwuel op infrastrukturtechneschem wéi och op sportlechem a kulturelle Plang positiv op der Landkaart erëmzefannen ass. Eis Veräiner leie mer besonnesch um Häerzen, well nëmmen sou kënne mir eng gutt Integratioun hikréien.

Bei Froen, kënnt Dir mech ënnert johnhiefenech@gmail.com kontaktéieren.

de John

John Rach 2023

<< Tom LeickArlette Schantzen >>