Guy Schiltz

Guy Schiltz

Guy Schiltz 2023

68 Joer, bestuet, Papp vun 2 Meedercher a Bop vun 5 Enkelen.
Pensionéiert.

Am Gemengerot sinn ech zënter 1992 mat Begeeschterung derbäi.
Dovunner 3 Joer als Schäffen an 12 Joer als Buergermeeschter
(vun 2002 bis 2014).

Ech si President vun der Kommissioun vum 3ten Alter a Member vun der „Commission d’Integration“. Ech vertrieden ons Gemeng an der „Commission de surveillance“ vum Mierscher Altersheim a vum Club Uelzechtdall an ech si Vertrieder vun onser Gemeng am COPIL Natura 2000 Mëllerdall.

Ech sinn Grënnungsmember a säit 1999 President vun der Hëllefsorganisatioun „Frënn vun Csókakö“, säit 2022 sinn ech aktive Member vun der Hëllefsorganisatioun „Liens du Coeur“ a Comitésmember vum Fielser Wanderveräin.

Meng Hobbyen si kachen an aktiv am Veräinsliewen deelzehuelen am Kader vum Benevolat. Gären besichen ech och reegelméisseg d’Basketmatcher vun der éischter Equipe.

Ech wier frou, wann Dir ons Equipe wiele géift fir dass’e mir déi folgend 6 Joer zesummen a kollegialer Manéier zum Wuel vun all onse Bierger schaffen a plange kënnen.

Guy Schiltz 2023

<< Arlette SchantzenJean Schwartz >>