Christian D’Harcour

Christian d'Harcour
Christian D’Harcour

Christian d’Harcour 2023

50 Joer, Bestuet an Papp vun engem Kand, Privatbeamten. Wunnen säit 2006 zu Reiland a sinn säit den leschten Walen aktiven Member am Gemengerot zu Hiefenech.

Als Familljepapp, an awer och als Mann vun enger Léierin aus der Gemeng, leie meng Prioritéite bei eise Kanner a bei der Schoul. D’Kanner sinn d’Zukunft vun eiser Gesellschaft. Éischt Aufgab vun enger Gemeng ass et deene Jonken eng sécher Zukunft ze erméiglechen.
Nieft hire Famillje sinn zwee wichteg Pilier’en op hirem Wee d’Schoul an d’Veräiner, déi béid wäertvoll Aarbecht leeschten. Dës zwou Stäipen an eiser Gesellschaft solle vun eiser Gemeng op allen Niveauen ënnerstëtzt ginn.

Den nohaltegen Ëmgang mat eise Ressourcen, finanzieller oder anerer Natur, sinn mir e weidert Uleies. Och op Gemengenniveau sollen eis Ressourcen nohalteg a verantwortungsvoll genotzt ginn.

Schenkt eiser Equipe äert Vertrauen mat ärer Stëmm.

Christian d’Harcour 2023

<< Tom BindelsMarco De Jesus Godinho >>