Arlette Schantzen

Arlette Schantzen
Arlette Schantzen

Arlette Schantzen 2023

Ech sinn 1962 gebuer a Mamm vun 3 erwuessene Kanner.

Ech wunnen zënter 1991 an der Gemeng Hiefenech. Ier ech d’Rent krut war ech beim Ministère de l’Éducation National et de la Jeunesse ugestallt.

12 Joer hunn ech mech am Gemengerot, dovun 3 1/2 am Schäfferot, fir d’Awunner vun eiser Gemeng agesat. An dem Zäitraum war ech un der Planung an der Fäerdegstellung vun eiser Maison mat Crèche aktiv bedeelegt.

Privat reesen ech gär, liese vill, si mat Frënn ënnerwee oder versuerge leidenschaftlech gär meng Enkelkanner.

An der Gemeng sinn ech als Sekretärin vun der Kommissioun vum 3. Alter täteg sou wéi an der Schoulkommissioun an an der Commission de l’intégration.

Léif Wieler, ech géif mech freeën, wann ech an eis Equipe, eis no de Walen kéinten zesummen fir iech an eis Gemeng asetzen.

Arlette Schantzen 2023

<< John RachGuy Schiltz >>