Wahlprogramm 2017

Virwuert vum Guy Schiltz
Buergermeeschter vun 2002 bis 2014


Mir als Equipe ginn an d´Wahlen fir zesummen ze schaffen an Iech als Bierger an är Iddien ze respektéieren. Dofir wëlle mir mat Transparenz a Flexibilitéit kloer Richtlinne setzen.

Mir hu probéiert fir Leit aus vill verschiddene Sparten zesummen ze  kréie fir dass mir di néideg Fachberäicher mat Erfarung kenne vertrieden.
Mir wäre frou wann dir iech mat eise Virstellunge kéint identifizéieren an soen iech lo scho Merci fir är Stemm an äert Vertrauen.

Eis Virstellungen fir Är Gemengenzukunft

Ëmwelt:
⦁ Ofwaasser-Pompelstatioun verwierklechen.
⦁ Nohalteg Drénkwaasserversuergung aus eegene Quellen
⦁ Ënnerstëtzen vun erneierbarer Energie
⦁ Agrenzen vun Energieverschwendung an öffentlechen Gebéier 

Wunnen:
⦁ Spill- an Erhuelungsplazen ausbauen
⦁ Am Stroosseraum d´Infrastrukturen modernséieren

Déngschtleeschtung:
⦁ Ëmstrukturéierung vun den Ofrechnungen
⦁ Informatiounssystem : SMS-Service, Internetsäit, Informations-Blat, …

Gemengenorganisatioun:
⦁ Verbesserung vum Dialog teschend Schäffen- a Gemengerot mam Personal (Gemeng a Schoul)
⦁ E gutt Fonctionnement vun eise Kommissiounen iwwert 6 Joer
⦁ Dem Service Technique déi néideg Mëttel zur Verfügung stellen fir den ëffentleche Raum kënnen ze ënnerhalen, esou wéi mir dat gewinnt waren

Gemengenentwécklung:
⦁ Laangfristeg Planung vun engem zentralen Schoulkomplex an domat géint Verschwendung vun äre Steiergelder
⦁ Mir sin géint eng grouss Regional Industriezone no beim Wunnbräich

Verschiddenes:
⦁ Ënnerstëtze vun eisen Veräiner
⦁ Kulturellt Angebot erweideren
⦁ Kanner- an Jugendgemengenrot erem opliewen lossen