Tom Leick

Tom Leick

Ech hun 39 Joer, si bestuet, hun 2 Kanner a schaffe beim Staat als Informatiker. An menger Fräizäit spillen ech gär Musek an interesséiere mech fir al Auto’en. Säit 2013 wunnen ech zu Hiefenech.

D’Gemengepolitik läit mir um Häerz , well et mir erméiglecht fir d’Awunner an der Gemeng Idee’en ëmzesetzen, vun deenen all d’Awunner profitéieren an eng Beräicherung si fir Jonk an Aal. Fir des Zieler ze erreeche läit mir den Dialog an d’Kommunikatioun mat allen Concernéierte souwuel de Responsabelen, dem Personal vun der Gemeng awer och de Bierger besonnesch um Häerz. Nemmen esou ass et méiglech op d’Bedürfnisser anzegoen an eng Léisung ze fannen déi fir jiddereen acceptabel ass.