Tom Bindels

Tom Bindels

27 Joer jonk, studéiert Biodiversitéit an Ökologie, Jonggesell an Hiefenecher Jong. -Meng Fräizäit verbréngen ech am léifsten an der Natur.

Säit menger Jugend interesséieren ech mech fir Politik. Kuerz vru mengem Ofschloss ass fir mech elo de richtege Moment komm fir meng Erfarungen a mäin Wëssen mat an d’Gemeng an ze brengen an un den Wahlen deel ze huelen. An mengem Masterofschloss, den nach aussteet, wäert ech mech intensiv mam Thema Séisswaasser an Drénkwaasser beschäftegen. Ofwaasser, Ressourcen schounen, Renaturéierung an Héichwaasserschutz si meng Kompetenzen déi ech gäre géif deelen.