John Rach

John Rach

Schäffen vun 2011-2017, Delegéierten vun der Gemeng am SIDEN a SIDEC, Alter: 46 Joer, Formatioun: Ingénieur technicien, Beruff: Préposé zu Dikrich bei Ponts&Chaussées, Veräiner: BBC US Hiefenech ; Divertimento

Viru 6 Joer hunn ech d’Erausfuerderung ugeholl a sinn an d’2011er Wahlen als Kandidat matgaangenen. Interessant a wichteg ass d’Villfältegkeet vun den Aufgaben, déi dem Schäfferot an enger 1350 Awunner-Gemeng ze bewältegen huet. Organisatioun a virausschauend Denken ass wichteg a soll ëmmer an Ofstëmmung mat de gewielte Volleksvertrieder erfollegen. Duerch déi eenzel Kommissiounen huet hei och de Bierger d’Méiglechkeet lafend seng Iddie berodend mat an ze brengen. Wichteg fir en Duerf sinn awer och d’Veräiner, déi mei musse vun der Gemeng ënnerstëtzt ginn, well si bidden d’Méiglechkeet fir dass d’Awunner sech besser kenneléieren  an och soumatt eng mei lieweg Duerfgemeinschaft entsteet.
Et gëllt insgesamt nach u ville Stellschrauwen ze dréie fir datt d’Gemeng Hiefenech déi zukünfteg Erausfuerderungen op nationalem Plang meeschtert, dofir betruecht mech als Zännrad an eiser Ekipp “MIR FIR IECH”, eng Ekipp déi all Themeberäich mat deenen néidege Fachleit ofdeckt.