Jean Schwartz

Jang Schwartz

55 Joer, bestuet a Papp vun 4 Kanner. Ingénieur technicien an der Informatik, schaffen als Ingénieur de la Vidéo et Postproduction bei der BCE, der technescher Unitéit vun RTL.

Meng Hobbye sinn: Fotografie a Video, Motorradreesen a Sport. Ech war laangjärege Vizepresident vum DT Reuland.
An der aktueller Legislaturperiod sinn ech Vertrieder vun onser Gemeng am Naturpark Mëllerdall a Member vun der Kulturkommissioun, sou wéi vun der Jugend a Sportskommissioun, déi mir nei gegrënnt hunn, fir och onse Sportsveräiner an onser Jugend déi néideg Ënnerstëtzung ze ginn. Ech wëll och weiderhin Uspriechpartner fir all ons Bierger sinn, egal op al oder jonk, a mech och weider asätzen géint verschwende vun onse Resourcen, finanzieller an energetischer Art. Schenkt onser Equipe den 8. Oktober äert Vertrauen an är Stëmm, fir dass mir ons zesumme fir all ons Bierger a fir de Wuel vun onser Gemeng asätze kënnen.