Guy Schiltz

Guy Schiltz

62 Joer, bestuet, Papp vun 2 Meedercher a Bop vu 4 Enkelen. Pensionéiert.

Am Gemengerot sinn ech zënter 1992 mat Begeeschterung derbäi. Dovunner 3 Joer als Schäffen an bal 12 Joer als Buergermeeschter. (vun 2002 bis 2014)
Ech sinn President vun der Kommissioun vum 3ten Alter a Member vun der Schoulkommissioun, a vertrieden ons Gemeng an der „Commission de surveillance“ vum Mierscher Altersheim a vum Club Uelzechtdall. Si Grënnungsmember a säit 1999 President vun der Hëllefsorganisatioun Frënn vu Csókakö, an ech si Comitésmember vum Fielser Wanderveräin. Meng Hobbyen si kachen, an un den IVV Wanderungen deelzehuelen
Ech wier frou wann Dir ons Equipe wielen géift fir dass´e mir déi folgend 6 Joer zesummen a kollegialer Manéier zum Wuel vun all onse Bierger schaffen a plange kënnen.