Christian D’Harcour

Christian D’Harcour

44 Joer, Bestued an Papp vun engem Kand, Privatbeamten, wunnen säit 2006 zu Reuland.

Als Familljepapp, an awer och als Mann vun enger Léierin aus der Gemeng, leie meng Prioritéite bei  eise Kanner a bei der Schoul. D’Kanner sinn d’Zukunft vun eiser Gesellschaft. Éischt Aufgab vun enger Gemeng ass et deene Jonken eng secher Zukunft ze erméiglechen. Nieft hire Famillje sinn zwee wichteg Pilier’en op hirem Wee d’Schoul an   d’Veräiner, déi béid wäertvoll Aarbecht leeschten. Dës zwou Stäipen an eiser Gesellschaft solle vun eiser Gemeng op allen Niveauen ënnerstëtzt ginn.
Duerch mäi Beruff als Controller an engem grousse lëtzebuerger Handelsgrupp, ass den nohaltegen Ëmgang mat eise Ressourcen,  finanzieller oder anerer Natur, mir och e weidert Uleies. Och op Gemengenniveau sollen eis Ressourcen nohalteg a verantwortungsvoll genotzt ginn.