Arlette Schantzen

Arlette Schantzen

Ech hu 55 Joer, si Mamm vun dräi erwuessene Kanner a schaffen als Educatrice beim Staat. Zenter 12 Joer sinn ech am Gemengerot, dovun dräi Joer am Schäfferot. Mäi léifste Projet war d´Baue vun eiser Maison Relais, wou ech vun der Planung bis zur Fäerdegstellung mäi Wëssen a meng Erfarunge konnt abréngen. Ech sinn och zënter 12 Joer Member vun der Schoulkommissioun.

Am HPPA zu Miersch (Home Pour Personnes Ȃgées) sinn ech
(och zënter 12 Joer) an der Commission de Surveillance. Als
Sekretärin vun der Kommissioun vum drëtten Alter
organiséiere mir Aktivitéite mat deenen eelere Leit, souwuel
eenzel, wéi och zesumme mat der Maison Relais.
Privat liesen ech gär, gi Keele spillen a wanderen. Ech
engagéiere mech am Cercle pédestre als aktive Member vum
Comité. Léif Leit a Wieler, ech wär frou wann mir eis och an
Zukunft kéinten intensiv fir eis Gemeng asetzen an all
d´Bierger, ob Jonk oder Al vertrieden